Skip to main content

Wat leeft hei?


Du kanns ob dësem Site meng "DTBD" liesen.


Wat ass eng "DTBD"?


D'Japaner hunn hir Mangaen, d'Amerikaner hir Comics an eis Noperen hir BD'en. Ech wollt also eppes entwéckelen, dat typesch lëtzebuergesch kéint sinn.


Esou ass DTBD entstan,


eng Duerftheater Bande Dessinée.


Firwat?


Meng Matbierger si mer all en Tick ze depriméiert ginn. Ech hoffe mat der "DTBD" e grousse Koup vun der Populatioun opmannst ee Mol zum Laachen ze bréngen.


Wiesou gesäit de Site esou Schäiss aus?


Nujee. Ech hu scho misse vill léieren fir d'Buch iwwerhaapt kënne fäerdeg ze kréien. Dat mam Site war elo einfach zevill. Komm mer soen, et wier vu vir eran esou geduet gewiercht fir et "natierlech" ze halen.


Irgendee gleeft eis dat sëcherlech.


Wichteg Informatiounen:


DTBD riicht sech un d'Altersgrupp vu 25 bis 65 Joer.


D'Lektür dauert ongeféiert 20 Minuten.


Vill Spaass


Wann dir meng "DTBD" gefällt:


Gëff et w.e.g. weider un de Nächsten.


Ech hu kee Geld fir Pub an de Site eleng kascht schonn eppes.


Merci